Greiweldenger Musek a.s.b.l.

Als traditionellen, kulturelle Veräin sinn mir stolz drop am Joer 2011 mat enger jonker an dynamescher Equipe eisen 100järegen Anniversaire ze feieren!
Mir sinn eng Fanfare mat aktueller Besetzung vu 35 Musikantinnen a Musikanten an spillen zanter September 2010 ënnert der Direktioun vum Christophe Weiland.
Eisen Repertoire geet vun traditioneller bis moderner Musek.
Niewent eisen Concert’en sinn mir op ville musikaleschen Sortie’en zu Greiweldeng a Stadbriedemes awer och an Nopesch-Gemenge vertrueden.
D’Kamerodschaft an de Spaass ginn bei eis héich geschriwwen an dofir organiséiere mir verschidden Evenementer, bei deene mir mat eise Veräinskollege lëschteg Stonne verbréngen.
Zanter Oktober 2010 hunn mir e nei gegrënnten Jugendorchester mat 18 jonken Musikantinnen a Musikanten.

Jiddwereen ass bei eis wëllkomm!

Mir freeën eis ëmmer iwwert musikalesch Verstäerkung, egal op jonk Musikanten oder schon mat musikalescher Erfahrung.